Riddo op fir Barnum zu Réiden

Jan 10, 2023 | Articles de presse, News, Presse

11 juillet 2019 – Synergie N°52

D’Ingrid van der Kley hat eis am Summer 2019 am Barnum besicht. Knapps e Mount no der Ouverture gouf dësen Artikel an der Nummer 52 vum Synergie publizéiert.

Pour ceux qui préfèrent lire l’article en version d’origine, vous pouvez le télécharger au format .pdf ici.

 

Den Damir huet seng beléiften Aal Brauerei zu Réiden an talentéiert nei Hänn ginn. D’Koppel Alex a Ian hunn de Restaurant mat senger immens schéiner Terrass iwwerholl, an hire „Bëbee“ Barnum gedeeft, Ian Lejeune: „Dat wor dem Alex seng Iddi nodeems mir de Film Greatest Showman gesinn haten iwwert de P.T Barnum, a sengem Striewen déi greatest Show on earth ze realiséieren! Dat passt nit nëmmen zu dem wat mir maache wëllen, och d’Ambiance, d’Faarwen an den Dekor vum Film hunn eis ugeschwat!“ Effektiv gesäit d’Aal Brauerei elo ganz anescht aus. Am Agang steet scho mol e Piano. Bannen ass elo alles anescht. T’ass mat vill Goût dekoréiert, vill vintage Objeten, Sëtzecken, enger apaart Wall of Fame, kuerz gesot, et fillt een sech direkt immens wuel. Ian: „Ech hunn Innenarchitektur studéiert, obwuel ech ëmmer Stylist wollt ginn.“
Eng weider Leidenschaft wor an ass och haut d’Sangen. Ian: „Wéi ech zu Bréissel studéiert hunn, hunn ech eng Dragqueen besser kennegeléiert, déi meng Stëmm schéi fonnt huet, a mech an hir Glitzerwelt invitéiert huet. Do wor ech verkaaf. Ech hat och déi grouss Éier d’Dragqueen of the Year hei zu Lëtzebuerg ze ginn. Dat wor fir mech eng grouss Éier an och Motivatioun mäi Wee als Ma Dame Yoko bestëmmt virunzegoen. En plus ginn et der och nit vill déi live sangen. Déi meescht maache Playback.“
De Réidener Kanton huet elo eng villverspriechend nei Adress ewéi et se soss just a grousse Metropole gëtt! Barnum verwinnt seng Clientë gastronomesch a kulturell mat Concerten, Cabaret, Shows Transformistes, Spectacles dînatoires, ouni déi exzellent Kichen ze vergiessen. Am August fänkt e neie Chefkach un, deen et z’entdecke gëlt. Ian: „Mir proposéieren an der Mëttesstonn, wéi gewinnt vun der Aaler Brauerei, nieft der Kaart e Menu de la Semaine. Och Owens ass hei op vu Mëttwochs bis Samschdes. Sonndes si mer op fir ze brunchen! Dann hu mer réigelméisseg Weekends eise kulturelle Programm, den Dîner Spectacle fir 65 €, entrée du spectacle et apéritif inclus. Déi normal Entrée ouni Iesse kascht 30 € pro Persoun.“